LASEL - Fussball - 29.11.2018
Plus de photosDen 29.11. sinn sinn mir am Fussball Juniors Qualifikatiounstournoi (Jg. 2001-2002) fir den ISF an Serbien géint den LTEtt an den ALR ungetrueden. An engem serréierten éischten Match hunn mir um Terrain zu Wegdichen géint déi Ettelbrécker knapp mat 0-1 den Kierzeren gezunn. Am zweeten Match géint Réiden konnten mir leider net mei un dei gudd Leeschtung aus dem éischten Match unknäppen. No engem verschossenen Penalty an onnéidegen Géigegoaler verléiren mir um Enn géint de Réidener Lycée verdingt mat 0-2 an sinn domat éliminéiert. Gléckwonsch an bonne Chance den Ettelbrécker fir den nächsten Tour! Fir den LN um Terrain stoungen vun lénks no rechts: Amar FALJIC, Dany LISBOA, Amir COSIC, Antonio SOARES MARTINEZ, Ben KINNEN, Benjamin KOVACEVIC, Junior ODAIR ALVES, Bryan DOS SANTOS, Jusuf KARISIK, Tim MARTINS, Samir COSIC. |
![]() |










