Zréck zur Präsentatioun vum Departement
ZRÉCK NO GANZ UEWEN
SPORTUNTERRECHT AM LN:
|
De Sportunterrecht gëtt am Sportskomplex vum LN ofgehal: eng grouss Sportshal, eng Piscine mat Sprangtuerm, e grousse Spigelsall, e Kraaft- a Spinningraum souwéi en Theroriessall stinn eis hei zur Verfügung. Weider hu mir eng Aussesportsanlag.
De schoulinterne Léierplang vum LN, an deem d’Inhalter festgeluecht sinn, déi an deene verschiddene Klassestufen ze behandele sinn, ass breet gefächert. Um Programm stinn e.a.:
- Klassesch Ballsportaarten (e.a. Basketball, Fussball an Handball)
- Alternativ Équipesportaarten wéi Kinball, Rugby oder Tchoukball
- Réckschlagsport (e.a. Dëschtennis a Badminton)
- Geräteturnen a Parcours
- Rhythmesch-gestalteresch Sportaarten wéi Danzen oder Akrobatik
- Fitnesssport (e.a. Spinning, Functional Fitness, Muskulatioun)
- Waassersport (e.a. Schwammstiler, Rettungsschwammen a Waasserball)
- Outdooraktivitéiten wéi Mountainbike, Klammen oder Segelen
Ëmmer geet et drëms, d’sportmotoresch Fäegkeete vum Jonken ze verbesseren a seng sozial-kooperativ Kompetenze weiderz’entwéckelen. D’Freed um Sport an un der Beweegung däerf natierlech och net feelen a si soll de Jugendlechen dozou motivéieren, och nieft der Schoul sportlech aktiv ze sinn.
Internt Reglement (.pdf)
|
|
|
Zréck zur Präsentatioun vum Departement
ZRÉCK NO GANZ UEWEN
LASEL:
|
D’LASEL (Ligue des associations Sportives Estudiantines Luxembourgeoises) organiséiert iwwer dat ganzt Schouljoer Turnéier a Concoursen, an deenen déi verschidde lëtzebuergesch Schoulen sech an diverse Sportaarte moosse kënnen. Dës Manifestatioune ginn an der Regel donneschdes mëttes ofgehalen a fannen duerch d’ganzt Land statt.
Och eise Lycée hëlt u ville Manifestatiounen deel! De Grupp gëtt ëmmer op d’mannst vun engem Sportsproff betreit, deen de gemeinsamen Transport mat engem Bus organiséiert. Départ a Retour sinn um Busparking vum Lycée.
Weider huet all Schüler d’Méiglechkeet zu bestëmmten Zäiten an de Sportskomplex ze kommen an hei fräi Sport ze maachen.
Horaire LN Sport 2021/2022: Lundi: 12h30-13h10 et 16h05-18h00 Mardi: 12h15-15h45 Mercredi: 11h40-13h10 et 16h05-18h00 Vendredi: 11h40-13h10
SCHWAMMEN: Lundi: 12h30-13h10 Mercredi: 11h40-12h30
Den Flyer kucken
Den Video kucken
|
|
|
Zréck zur Präsentatioun vum Departement
ZRÉCK NO GANZ UEWEN
Zréck zur Präsentatioun vum Departement
ZRÉCK NO GANZ UEWEN
EVENTS A SPORTSTAGEN:
|
Ski- a Snowboardstage zu Landgraaf (NL)
Virun der Chrëschtvakanz bitt d’Sportsdepartement all interesséiertem Schüler d’Méiglechkeet, während engem Dag an d’alpin Sportwelt ranzeluussen. Heifir fuere mir an d’Skihal Snowworld zu Landgraaf an Holland.
Ski- a Snowboardstage zu Les 2 Alpes (F)
Den LN fiert all Joer mat anere lëtzebuergesche Schoulen op Les Deux Alpes (Frankräich) an e Ski- a Snowboardstage. An der Woch virun der Ouschtervakanz kënnen d’Schüler hei an enger flotter Atmosphär Ski oder Snowboard léieren respektiv sech an enger vun dëse Wantersportaarten verbesseren. “Fir Ski a Snowboard ze léieren ass déi Vakanz eng gutt Geleeënheet. Dat Ganzt ass natierlech nach besser wann een déi richteg Leit bei sech huet. Et war eng schéi Woch!” (Lynn a Florence)
|
|
|
|
Den Video 'Les 2 Alpes 2017' kucken (externen Link)
Den Video 'Les 2 Alpes 2019' kucken (externen Link)
|
Zréck zur Präsentatioun vum Departement
ZRÉCK NO GANZ UEWEN
KONTAKT:
Adresse: Lycée du Nord - Bâtiments G et H, 19, rue Général Patton, L-9551 WILTZ
E-Mail: ln_sport (at) yahoo.de
Téléphone: 95 93 20 - 333
|
Zréck zur Präsentatioun vum Departement
ZRÉCK NO GANZ UEWEN