Präsentatioun vum Departement vun der Biologie
Waat ass Biologie?
D’Biologie ass d’Wëssenschaft vum Liewen a befaasst sech mat all de Forme vu Liewewiesen, hirem Origine, hire Liewensweisen, hire Liewensraim an hirer Evolutioun. Vun der klengster Zell, iwwert d’Déieren, d’Planzen an Champignonen bis zu de groussen Ökosystemer, déi eise bloe Planéit ze bidden huet, versicht d’Biologie dem Geheimnis vum Liewen op de Gronn ze goen. Eng zentral Roll an der Biologie spillt dann och de Mënsch, andeems hien ëmmer méi an d’Natur agräift an domadder d’Liewen op eiser Äerd laangfristeg beaflosst. Biologie am Lycée
D’Fach Biologie, wat an deenen éischten 2 - 3 Joer am Lycée een Deel vun den Sciences naturelles ass, befaasst sech am Ufank virun allem mat der Déieren- an Planzewelt. Esou léieren eis Schüler als éischt d’Liewewiesen ze beobachten, ze beschreiwen an no hiren Mierkmoler ze klasséieren. Dozou gehéiert hiren Opbau aus Zellen genau esou wéi di sëllechen Upassungen un hire Liewensraum. Fir eise Schüler d’Bedeitung vun Biodiversitéit an Nohaltegkeet méi no ze bréngen, ass dann och den Naturschutz een Thema op dat mir ëmmer erëm zeréckkommen. Natierlech iwwerhëlt d’Biologie och een Deel vun der Gesondheetserzéihung, wou virun allem d’Sexualitéit an d’Suchterkrankungen am Mëttelpunkt stinn. Fir di mi al Schüler réckelt duerno den Opbau (Anatomie) an d’Funktionéieren (Physiologie) vum mënschleche Kierper ëmmer méi an den Zentrum vum Biologie-Cours. Op den Ofschlossklassen sinn dann d’Zellbiologie, d’Molekularbiologie, Biotechnologie an d’Evolutioun d’Haaptsujeten, woumat si dann een gudde Bagage hunn fir hier Formatioun an der Biologie eventuell op enger Universitéit weiderzeféieren. SpezialsällAn eise spezialiséierte Klassesäll kënne mir op eng ganz Kollektioun vun Material, Präparater oder Modeller zeréckgräifen fir eise Schüler d’Biologie méi no ze bréngen. Travaux pratiquesEng ganz besonnesch Roll spillen dann och d’Travaux pratiques an der Biologie. Duerch dat praktescht Schaffen kréien eis Schüler een reellen Androck dovunner vermëttelt, wéi et ass als Fuerscher ze schaffen. Esou kënnen si mat enger grousser Sammlung vun héichwäertegem a wëssenschaftlechem Material d’Biologie selwer entdecken an erfuerschen. Everything, what is against nature, will not last for long.Charles Darwin, briteschen Naturfuerscher (1809-1882) |
E puer Andréck aus der Biologie – der Wëssenschaft vum Liewen |
|
Eis Schüler maachen an der Biologie och regelméisseg Aarbechten, wéi dës Plakater iwwert d'Infektiounskrankheeten, déi dann um 3. Stack am LNW ausgestallt ginn. |
||
|
Retour vers la présentation du département
VERS LE HAUT DE LA PAGE DU DÉPARTEMENT
D’Équipe vum Departement vun der Biologie
GROTZ Christophe |
KIEFFER Daniel |
MICHAELIS Isabelle |
PALM Sarah |
REULAND Steve |
ROEMER Simone |
WEBER Arnold |
WAGNER Steve |
|||
VERS LE HAUT DE LA PAGE DU DÉPARTEMENT
Extern Links an Dokumenter
Extern Links: |
Dokumenter: |
http://science.lu/ http://www.environnement.public.lu/ http://www.mnhn.lu/ http://www.naturpark-sure.lu/ http://www.naturpark-our.lu/ http://www.naturanemwelt.lu/ https://www.list.lu/ http://www.sicona.lu/ |
VERS LE HAUT DE LA PAGE DU DÉPARTEMENT