Skip to main content
Retour

Cours DIMAS

Cours DIMAS

Dimas @ SES – 30.06.2023

Den 30 Juni wor eis läscht Visitt am Kader vum DIMAS.
Bei der SES krute mer flott an interessant Explicatiounen iwwert Satellitentechnik an den Historique vun deser impressionanter Firma, di jo lo och mat Space X zesummenschafft.

Dimas – Examen, Segelfléien – 27.06.2023

Exzellent Resultater am DIMAS Examen fir eis Klasse aus dem LN!

Am Examen, deen den Oofschloss mecht am Kader vum DIMAS Cours, hun eis Schüler aus dem LN exzellent oofgeschloss, individuell an och als bäschte Klass vun den 6 Lycées di dobäi woren!
D’Eulalie Hennus ass als zweetbäscht Schülerin national klasséiert ginn, mat just engem klengen Punktoofzuch bei enger Bonus Fro, mee krut awer nach 100 %! Den Jim Lutgen als 2. mat 96% an dono kommen d’Samatha Schirtz mat 92% an d’Julie Grotz mat 90% richtigen Äntwerten.

Mat desem super Resultat hun eis Schüler sech den Extrabonus vum Segelfléien am LN méi wi verdingt gehaat, an och do woren sie gutt dobäi a konnten nom Start quasi aleng fléien an och souguer de Landeanflug baal aleng meeschteren! Nodeems gutt geflunn gouf, hun mer nach zesummen bei enger Pizza den Owend ausklénge geloos. Hei drenner e puer Biller! Ob der Gruppefoto eis Schüler, an och den Jules, deen eis an d’Luucht gezunn hott an d’Halldora, daat eis beim Starten gehollef hott, allebéid aus dem CLVV.

Dimas @ LAR – 03.03.2020

Dësen Dënsden 03.03.2020 waren mir elo déi leschten Visitt fir dëst Joer mat eiser DIMAS Klass maachen. Et ass bei d’Luxembourg Air Rescue (LAR) gaangen. Vun immens sympatheschen LAR-Mataarbechter, een dovun selwer LAR-Pilot, kruten eis Schüler deen groussaartegen LAR-Site mat hiren “neien” Hangar’en déi mëttlerweil um Findel opgeriicht goufen, presentéiert an sämtlech Froen beäntwert déi een nëmmen konnt hunn. Matt 6 Helikopter an 6 Learjet hunn déi LAR-Schutzengelen do jo Tatsaach soss näischt ze dinn, ewéi den ganzen Dag aneren Leit d’Liewen ze retten!! Esou goufen mir Zeien, wei schnell et geet wann een Noutruff eran geet! Et dauert net emol 2 Minuten bis si mat hirem Helikopter prett sinn fir den Start. Bannen maximal 10 Minuten kennen si all Punkt vun Lëtzebuerg erreechen.

Awer net nëmmen dem Helikopter, mee och engem vun hiren Learjet’en konnten mir bei der Präparatioun ob eng Missioun nokucken. Dobäi kruten mir den Jet och vun bannen ze gesinn. Mir waren also hautno dobäi!! Esou guer säin Start konnten mir schlussendlech aus der aller éischter Rei um Findel mat ukucken. Beandrockend och déi grouss Hal fir d’Maintenance vun esouwuel dem Helikopter ewéi och den Jet’en. Déi Maintenance mëscht d’LAR un hiren Maschinnen mat hirem zertifiéierten Personal all selwer.

Een ganz groussen Merci, léiw LAR, esouwuel vun eisen Schüler, dem Wëlzer Lycée an der LFTA (Luxembourg Flight Training Academy), dass Dir eis déi Visite do méiglech gemaach hutt.

Vill weider Informatiounen fannt Dir ob dem Internet Site vun der LAR.

Dimas @ Luxair – 04.02.2020

Den 4.02.2020 hun mir mat eiser DIMAS Klass (Diplôme d’Initiation aux Métiers Aéronautiques et Spatiaux) eng Visite bei der Luxair gemaach. Mat hiren em déi 3000 Matarbechter aus allerlee Beruffssparten ass d’Luxair een groussen an interessanten Aarbechtsgeber hei am Land. Mir kruten bei hinnen d’Karriär vum Fligermechaniker, déi vum Pilot an déi vun der Cabin-Crew méi am Detail virgestallt. An hirem “training center for pilot and cabin crew” steet eng extra amenagéiert Kabinn vun enger Boing 737 an där all méiglech Scenarien kennen trainéiert ginn: Bekämpfung vun Feier un Bord, Evakuatioun vun den Flugpassagéier iwwert d’Noutrutsch, Ëmgang mat aggressiven Passagéier an Villes méi. Des Kabinn mat en puer Noutverfahren goufen eis do demonstréiert an natierlech huet missten eng Noutevakuatioun iwert d’Rutsch dobei sinn. Een ganz groussen Merci un all Acteur deen des Visitt méiglech gemaach huet. Virun allen natiirlech un d’Luxair selwer.

Schüler vum DIMAS op Visite bei der SES – 03.12.2019

Am Kader vum DIMAS “Diplôme d’Initiation aux Métiers Aéronautiques et Spatiaux” hunn mir mat eisen Schüler eng Visite bei der SES – “Société européenne des satellites”, enger Lëtzebuerger Satellitenbedreiwerfirma, zu Betzdorf gemaach. D’SES bedreift mëttlerweil ca. 70 Telekommunikatiouns-Satelliten, déi meescht dovun geostationär, anerer an der mëttlerer Äerdëmlafbunn, mat Hëllef vun deenen si iwwert 98% vun der Weltbevëlkerung kennen erreechen. Een ganz groussen Merci un der Här Marc Rasquin vun der LFTA – „Luxembourg Flight Training Academy” an natierlech un d’Mataarbechter vun der SES fir d’Organisatioun vun där super interessanter Visite.

2018/2019/2020

Am Kader vum DIMAS (Diplôme d’Initiation aux Métiers Aéronautiques et Spatiaux) – Cours, deen den LN dëst Joer fir di 1. Kéier offréiert, konnten d’Schüler live erliewen, wéi een Segelflieger obgebaut ass a wéi e kann transportéiert ginn. No engem kuurzen Iwwerbléck iwwert d’Instrumenter gouf de Flieger dann och komplett obgebaut. Am Fréijoer wärten d’Schüler och niewt dem Flug am Motorflieger eemol mam Segelflieger kënnen fléien. Dëst wor eng flott praktesch Aktivitéit niewt dem Theoriescours iwwert d’Fliegerei, deen d’Schüler Dënsdes nomëttes fräiwelleg emmer während 2 Stonnen suivéieren. Den 3. Dezember steet di 1. Visite am Kader vum DIMAS Cours un, wou mer dann mat hinnen d’SES kucke ginn …

Le DIMAS au LN

Le DIMAS trouve son origine dans le BIA, “Brevêt d’Initiation à l’Aéronautique”, enseigné comme option dans les lycées français. Depuis 2018-19, le SCRIPT, service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation du Ministère de l’Education Nationale, en collaboration avec l’école agréée de pilotage au Findel (LFTA), a également créé ce cours à option, sous la nouvelle dénomination: “Diplôme d’Initiation aux Métiers Aéronautiques et Spatiaux” (DIMAS). Cette formation permet aux élèves de découvrir les filières menant aux carrières dans ces secteurs dans lesquels existent maints débouchés dans ce monde fascinant de l’aéronautique et du spatial.

Suite à l’initiative de plusieurs professeurs impliqués dans l’aviation et l’engagement de notre directeur Pierre Stockreiser, on a su devenir le 2ème lycée au nord du Luxembourg à pouvoir offrir cette opportunité aux élèves.

Ce cours à option prévoit 25 modules à 2 heures, en incluant des visites d’entreprises ou d’institutions en relation avec l’aviation et le spatial, comme la SES, l’Administration de la navigation aérienne, Direction de l’Aviation Civile, Luxairport ou encore LUXAIR, Air Rescue sans oublier CARGOLUX, que les élèves du LN ont visité maintes fois dans le cadre de l’option Sciences. Les cours traitent en général d’une façon allégée et illustrative les notions importantes en aviation, comme l’aérodynamique, la structure et les instruments d’un avion, la météorologie et la radiotéléphonie.

24 élèves du LN suivent ces cours les mardi après-midi et pourront se faire certifier ce cours avec l’examen final attestant ce diplôme. Comme certains enseignants au LN sont en étroite relation avec l’aviation de par leurs loisirs, on a la situation spéciale que ces enseignants donnent les cours de théorie sous la tutelle de la LFTA. Pour clôturer la formation, les élèves auront la possibilité de voler avec un instructeur de la LFTA pendant une heure environ au départ du Findel en avion de sport monomoteur. Encore une fois, la situation du LN permettra probablement aux élèves de profiter aussi d’un mini-stage en planeur, voire même de faire un tour en ULM.

En effet Jean-Paul Larbière est pilote d’ULM et d’avion, Claude Wolter pilote d’avion et finalement Arny Weber pilote et instructeur de vol en planeur. Remarquons que ces trois collègues ne sont pas les seuls au LN à être des passionnés de l’Aviation.