Skip to main content
Retour
03/04/2024

Gravia Negotia - Affaires graves : Podcast iwwer e réimesche Kriminalfall

Déi 4 Latäinsschüler vun der 3e hu mat Radio-LNW e Podcast iwwer d’Affär Sextus Roscius Amerinus opgeholl: de Sextus Roscius war e Réimer dee fälschlecherweis wéinst Vatermord ugeklot gouf. Hien erwaart déi schlëmmst vun allen Doudesstrofen : Abitzen an de Liedersak. Just ee wot et hien ze verdeedegen : e jonken, onbekannten Affekot mam Numm Marcus Tullius Cicero. Den zweeten Deel vum Podcast ass en Interview mam grousse franséischen Historiker Jean-Noël Robert.

D’Emissioun ass op franséisch a gouf realiséiert fir de Prix Henri Kugener 2024.
D’Vollversioun fannt dir hei :
https://www.youtube.com/watch?v=qYk620D12ik
Eng Shortversion fannt dir hei :
https://www.youtube.com/watch?v=JCg-wzou3MM&t=5s

Vill Spaass beim Nolauschteren!