• 05.png
  • 10.png
  • 15.jpg
  • 20.png
  • 25.jpg
  • 30.png
  • 35.jpg
  • 40.png
  • 43.jpg
  • 45.png
  • 47.jpg
  • 50.png
  • 55.jpg
  • 60.png
  • 70.jpg

Ski- a Snowboardstage - Deux Alpes (31.03.-06.04.2019)

Plus de photos

Schnéi, Sonn a Spass - Daat war och dest Joer um traditionnellen Schnéisportstage zu 2 Alpes (F) rem um Programm. Mat 29 Schüler hunn mir eis mat eisem legendären Buschauffer Serge zu Woltz um fréien Sondenmoien op den Wee gemaach. D’Zaitemstellung huet eis keen Strech duerch d’Rechnung gemaacht an mir sinn no 9 Stonnen plangméisseg am UCPA zu Venosc ukomm. Während der gesamter Woch konnten eis Schüler an Schülerinnen wertvoll Erfahrungen am Schnéisport sammelen an ennert dem Encadrement vun kompetenten Ski- an Snowboardmoniteuren un hieren techneschen Fähegkeeten feilen ...

START 2019 03 31 Deux Alpes 300x200

...Och fier den Rahmenprogramm niewt der Piste gouf gesuergt an sou konnt sech eisen Weltzer Skiexpertgroupe um Spillowend bei der „Perfekten Minute“ duerchsetzen. Den Highlight war um leschten Owend dei traditionnell Schülerdisco wou eis Schüler och op der Danzpiste eng gudd Figur an fier Stemmung gesuergt hunn. Mir sinn frou des Woch ouni gréisser Verletzungen iwwerstanen ze hunn an freen eis schon op d’nächst Joer.

Team LN Sport


Retour à la page précédente