• 02.jpg
  • 03.jpg
  • 05.png
  • 10.png
  • 15.jpg
  • 20.png
  • 25.jpg
  • 30.png
  • 35.jpg
  • 40.png
  • 43.jpg
  • 45.png
  • 47.jpg
  • 50.png
  • 55.jpg
  • 60.png
  • 70.jpg

Mysteriéis Mikroalgen - Identitéit gekläert - 02.06.2018

START 2018 02 28 Mikroalgen LN 300x200

Update: Identitéit vun den mysteriéisen Mikroalgen ass gekläert

No enger Rëtsch Analysen am Mäerz 2018 koumen zwee Fuerscher an weltwäit unerkannten Algenspezialisten aus der Slowakei an aus Frankräich onofhängeg vuneneen zum selwechten Schluss: bei der Mikroalg, déi am September 2017 am Haff vum LN entdeckt ginn war, handelt et sech ëm Fottea stichococcoides (Hindák 1981) ...

Plus de photos
Lire l'article au format pdf

... Dëst ass eng rar Séisswaasseralg vun nëmmen e puer Mikrometer, déi an Europa bis elo just an Rumänien an an der Slowakei fonnt ginn ass an dat, virun allem am Biofilm, den sech an Sprangburen forméiert huet.

Och wann d’Identitéit vun der Mikroalg gekläert konnt ginn, bleiwen dach nach wichteg Froen op, déi sech och d’Spezialisten net erklären konnten. Z.B. sinn déi grouss Dimensiounen vun der Gallertmass, déi vun den Mikroalgen produzéiert gëtt, esou nach ni dokumentéiert ginn. Dann bléift och nach d’Fro op, wéi déi Alg de Wee bis bei den LN fonnt huet...

Trotz dem Klärbedarf, deen nach ronderëm d’Geheimnis vun dëser Mikroalg besteet, sinn mir vum L.I.S.T. gefrot ginn, fir zesummen mat hinnen eng wëssenschaftlech Publikatioun iwwert eis Entdeckung ze schreiwen. Déif geéiert hunn mir dës Propose ugeholl an wäerten viraussiichtlech fir den Ufank vum nächsten Schouljoer een wëssenschaftlechen Artikel publizéieren kënnen.

Grouss Foto: LN for Nature (Mossstab: 1m)

Mikrophotographie: Robert Iserentant

Geschriwwen vum LN for Nature


Retour à la page précédente