• 02.jpg
  • 03.jpg
  • 05.png
  • 10.png
  • 15.jpg
  • 20.png
  • 25.jpg
  • 30.png
  • 35.jpg
  • 40.png
  • 43.jpg
  • 45.png
  • 47.jpg
  • 50.png
  • 55.jpg
  • 60.png
  • 70.jpg

Excursioun an den Naturpark - 5CLC2 - 18.04.2018

START 2018 04 18 Naturpark 5clc2 300x200

Excursioun an d’Biodiversitéit vum Naturpark Öewersauer

Den 18. Abrëll 2018 hunn d’Schüler vun der 5CLC2 zesummen mat den Enseignanten D. Kieffer, S. Palm an M. Kaufmann eng Excursioun an den Naturpark Öewersauer ënnerholl. D’Haaptzil vum Ausfluch war et, d’Biodiversitéit, déi den Naturpark ze bidden huet, ze erliewen an op d’Sich no enger Rei Aarten ze goen an dobäi déi ökologesch Zesummenhäng tëschent den Ökosystemer ze verstoen ...

Plus de photos

... Net wäit ewech vum Haus vum Naturpark zu Esch-Sauer an bei sonnegem Wieder konnten mir direkt véier verschidden Ökosystemer besichen. Am Nole- an Eechebësch hu mir eis op d’Sich no bestëmmten Planzen gemaach, déi typesch fir déi Ökosystemer sinn, an der Baach konnte mir matt der Hëllef vun den Wasserliewewiesen (Insektenlarven, Plattwierm, Salamanderlarven) d’Qualitéit vum Waasser bestëmmen an an enger wëller Blummewiss war et dunn déi verstoppten Biodiversitéit, mat där mir eis beschäftegt hunn. Mir soen och dem A. Scheer aus dem Naturpark ee grousse Merci, datt si eis bei der Ëmsetzung vum Ausfluch ënnerstëtzt a begleet huet.

D. Kieffer


Retour à la page précédente