• 01.jpg
  • 02.jpg
  • 03_b.jpg
  • 05.png
  • 10.png
  • 15.jpg
  • 20.png
  • 25.jpg
  • 30.png
  • 35.jpg
  • 40.png
  • 43.jpg
  • 45.png
  • 47.jpg
  • 50.png
  • 55.jpg
  • 60.png
  • 70.jpg

Onbekannt Mikroalgen - 28.02.2018

START 2018 02 28 Mikroalgen LN 300x200

Mysteriéis Decouverte um Site vum LN

Am September 2017 ass engem Kolleg eng grouss gréng Gallertmass am Haff vum LN opgefall. Doropshin gouf den LN for Nature, een neien Club de midi, beoptraagt, erauszefannen, wéi een Organismus dofir verantwortlech wier. Zesummen mat eisen interesséierten Schüler (Lou Biver an Pol Kohnen) hunn mir eis eng sëlleche Freideger an der Mëttesstonn mat där grénger Mass auserneen gesat ...

Plus de photos
Lire l'article au format pdf

... Mir hunn Prouwen mam Mikroskop ënnersicht, hunn d’Mass dovunner geschat an an den Bicher no Äntwerte gesicht. Relativ schnell war kloer, dass et sech em verschidden Aarten vun eenzellegen Mikroalgen géif handelen, déi fir déi gréng a schläimeg Formatioun verantwortlech waren. Déi hat iwwregens no eisen Estimatiounen bis am Januar eng impressionnant Mass vun am ganzen 35-45 kg opgewisen. Méi wäit sinn mir bei der Bestëmmung awer net komm an hunn doropshin noeneen den Naturmusée (Musée National de l’Histoire Naturelle) an den LIST (Luxembourg Institute of Science an Technology) ugesicht, fir méi genau bestëmmen ze kënnen, ëm wéi eng Algen et sech géif handelen. Mat der Hëllef vum LIST sinn mir dunn mat europäesch unerkannten Algenspezialisten aus Ungarn, der Slowakei an der Belsche a Kontakt komm. Mat grousser Iwwerraschung hunn mir bei den sëllechen Äntwerten an Propositiounen festgestallt, dass och d’europäesch Experten net genee konnte soen, ëm wat et sech kéint handelen. Esouguer no enger mikroskopescher Analyse vun engem belschen Professer vun der UCL, konnten d’Propositiounen nëmmen widderluecht ginn. Viru kuerzem sinn mir dunn gefrot ginn, fir eng Prouf vum Material un een vun den weltbeschten Algen-Experten ze schécken, deen d’Mikroalgen méi genau well ënnersichen. Et bleift also spannend...

Grouss Foto: LN for Nature (Mossstab: 1m)

Mikrophotographie: Robert Iserentant

Geschriwwen vum Daniel KIEFFER

 


Retour à la page précédente